Tam Tam White and Friends

Optakt vun der Krëschtaktioun 2025 Tam-Tam White & Friends

Tam-Tam White & Friends mat der Presenz vun der 501st Luxembourg Garrison, déi der ganzer Aktioun e gewëssent Extra bruecht huet an der Ënnerstëtzung vun de Road Enthusiasts, sinn läschte Samschden am Cactus Bascharage enge 335 Kanner e glënneren an de Ae geschenkt ginn.

Déi ganz Schenkaktioun war ewéi all Joers mat vill Tréinen a awer och vill Freed verbonnen. An och no 10 Joer bleiwt et schwéier ze beschreiwen, mat wéivill Emotioun dëst verbonnen ass wann een et net selwer erlieft huet.

All well dëst erréischt den Optakt wor hunn mir dann och déi nächst Woch um 20.12 e weidere Datum wou mir eng weider Kéier am Cactus zu zu Bascharage a beim Feidt zu Péiteng, weider Kanner Ae zum Glënneren brénge wäerten.

Am Virfeld awer schons mol e grousse MERCI un mäin Team fir hier ganz Ënnerstëtzung an un all déi Fräiwëlleg, déi Super Aarbecht geleescht hunn sou dat mir Kanner vu folgenden Associatiounen:
En Häerz fir kriibskrank Kanner.
Office social Luxembourg
Office social Remich
Hellef um Terrain Esch/Alette
Prrivat Familien
CHL Krank Kanner

beschenke konnten.

E Merci och un Luxemburger Wort an Uelzechtkanal vun Esch fir är flott Reportage zu dëser Aktioun.

An Last but not least e ganz besonnege Merci un meng Mamm, dem Edith Klein, déi eis de ganzen Dag beim apake gehollef huet.